Monument vun de Fusillés du Conroy

Vu Wikipedia
De Monument des Fusillés bei Fontoy

D'Monument fir d'Fusillés du Conroy ass e Krichsmonument am Dall vum Conroy op der Gemengegrenz vun de Gemenge Fontoy a Lommerange dat un den Doud vun eelef Zivilaffer erënnert, déi do vun der däitscher Arméi am Éischte Weltkrich de 26. August 1914 erschoss goufen.

En éischt Monument war 1928 opgeriicht ginn, a gouf 1940 vun den däitschen Truppen zerstéiert, déi domat wollten d'Erënnerung un de Massaker vun 1914 wechwëschen. 1953 gouf en neit Monument op der selwechter Plaz opgeriicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]