Mosar

Vu Wikipedia
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Mosar ass e Familljennumm, deen op de wallounesche Flouernumm Mosar zeréckgeet. E kéim vum Westfränkesche mos(a)hard, wat esouvill wéi "mouerzege Bësch" housch.[1]

Et ass den Numm vun ë. a. follgende Persounen:

  • Christian Mosar (* 1968), e lëtzebuergesche Konschthistoriker a Fotograf.
  • Josy Mosar (* 1927), e lëtzebuergesche Foussballspiller.
  • Laurent Mosar (* 1958), e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
  • Nicolas Mosar (1927–2004), e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (CSV).

... an och:

  • Mosar, e Mouer an der Regioun Suðurland an Island.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Ficher "Mosar" am Luxemburgischer Familiennamenatlas, lfa.uni.lu.