Moschee mat den 201 Kuppelen

Vu Wikipedia
Moschee mat den 201 Kuppelen
২০১ গম্বুজ বিশিষ্ট মসজিদ
Land Bangladesch
Plaz Gopalpur Upazila
Koordinaten ° ’ ’’ N ° ’ ’’ E 24.5984 89.8747
Statut am Bau
Datum vum Bau 2013 -
Proprietär Heroic Freedom Fighter MD Rafiqul Islam Welfare Trust

D'Moschee mat den 201 Kuppelen (Bengali: ২০১ গম্বুজ বিশিষ্ট মসজিদ) ass eng Moschee am Duerf South Pathalia, an der Gemeng Gopalpur Upazila, am Bangladesch.

Se läit um ëstlechen Uwänner vum Jhenai River. 2013 gouf mam Bau ugefaangen, Bauhär ass den Heroic Freedom Fighter Mohammad Rafiqul Islam Welfare Trust. D'Baukäschte ginn op ëmgerechent knapps iwwer 12 Milliounen US-Dollar geschat.

Se bitt Plaz fir eng 15.000 Gleeweger.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Moschee ass e quadratescht Gebai. Op all Eck steet e ronn 31 Meter héijen Tuerm. 4 weider, méi kleng Tierm vu 25 Meter Héicht stinn op den Ecker vun der zentraler Plaz, an där hirer Mëtt d'zentral Kuppel ass. Dës ass 25 Meter héich, iwwerdeems déi 200 aner Kuppele jee 5,2 Meter héich sinn.

Am Südwesten ass e Minarett am Gaang gebaut ze ginn, dat mat 137 Meter dat héchst am Bangladesch soll ginn. Op d'Westsät vun der Moschee kënnt den Text vum ganze Koran stoen.

Nieft dem Gebietshaus kommen och nach e Weesenhaus, en Altersheem an eng Klinick an d'Moschee.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 201 Dome Mosque – Biller, Videoen oder Audiodateien