Mosquito-Crash zu Hëpperdang

Vu Wikipedia
D'Graf vun den 2 Aviateure bei der Kierch zu Hëpperdang

Beim Mosquito-Crash zu Hëpperdang handelt et sech ëm den Ofstuerz vun der de Havilland Mosquito-Maschinn mat der Immatrikulatioun DZ649, an der Nuecht vum 26 op de 27 Mee 1944, um Flouer tëscht Hengescht an Hëpperdang.

An där Nuecht ass de Royal Air Force-Bomber Command e puer kleng Attacke geflunnn, dovun dräi Stéck mat 30 Mosquitoen op Ludwigshafen, 11 Maschinne fir d'Garen zu Oochen ze bombardéieren an 8 Stéck haten d'Gare vu Lison am Calvados als Zil. Siwe Maschinne waren als Serrate-Patrull ënnerwee an eng 42 Stéck hu laanscht déi belsch, hollännesch a franséisch Küst Minne mam Fallschierm ofgeworf. Vum Asaz op Ludwigshafen koumen zwou Mosquito-Maschinnen net méi Heem an hir Besatzunge waren ëmkomm.

Eng vun deene Maschinne war d'Mosquito DZ694 déi bei Hëpperdang ofgestierzt ass. D'Mosquito war vun enger Heinkel He 219 vum Nachtjagdgeschwader 1, dat um Fluchfeld Venlo stationéiert war, an de fréie Mueresstonnen ofgefaangen a beschoss ginn. Beim Ofstuerz koumen den RCAF-Pilot an den RAF-Navigateur ëm d'Liewen. Si goufen an engem Commonwealthgraf um fréieren Hëpperdanger Kierfecht begruewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]