Motta d'Affermo

Vu Wikipedia


Motta d'Affermo
Land Italien
Regioun Sizilien
Provënz Messina
Koordinaten 37°58'52,18"N, 14°18'7,42"O
Fläch 14,58 km²
Awunner 657 (1. Januar 2023)
Héicht 660 m
ISTAT 083059

Motta d'Affermo ass eng italieenesch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Messina an der Regioun Sizilien.

D'Awunner schaffen haaptsächlech an der Landwirtschaft an an der Forstwirtschaft.

Et gouf am Joer 1881 nach 2.458 Mottesi (wei d'Awunner genannt ginn), mä hir Zuel huet zanterhier bestänneg ofgeholl, bis zu net emol 900 am Joer 2009.

Et gëtt eng sëllege Kierchen an der Uertschaft, kuckeswäert sinn ë. a. Santa Maria Annunziata a San Rocco.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Pettineo, Reitano, Tusa.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch San Rocco matzen an der Uertschaft