Mouvement patrimonial – Eng Initiativ fir den Denkmalschutz
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Mouvement Patrimonial "Eng Initiativ fir den Denkmalschutz")
Mouvement patrimonial – Eng Initiativ fir den Denkmalschutz | |
---|---|
Sëtz |
67, Rue des Sept-Arpents L-1139 Lëtzebuerg |
Websäit | www.mouvement-patrimonial.lu |
De Mouvement patrimonial – Eng Initiativ fir den Denkmalschutz (eege Schreifweis: Mouvement Patrimonial - Eng Initiative fir den Denkmalschutz) ass eng lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck déi sech zum Zil gesat huet, sech fir d'Bauierwen zu Lëtzebuerg anzesetzen a fir et ze erhalen.
Si gouf 2018 gegrënnt an huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.
D'Denkmalschutzorganisatioun ass ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun.
Ziler
[änneren | Quelltext änneren]- Erstellen an Uwenne vu wëssenschaftleche Krittäre bei der Ënner-Schutzstellung;
- Erstelle vun engem wëssenschaftlechen Inventaire;
- Koordinatioun oder Fusioun vun de legalen Instrumenter op kommunalem an nationalem Niveau;
- Kreatioun vun engem “Fonds du patrimoine”;
- Unerkennung vum ekonomeschen an touristeschen Notzen;
- Integratioun vun der Wëssensvermëttlung an de Schoulprogramm;
- Ëmsetze vun de Recommandatiounen aus den internationale Konventiounen (Granada, Venedeg, Florenz).