Op den Inhalt sprangen

Muhammadu Buhari

Vu Wikipedia
Muhammadu Buhari
Gebuer 17. Dezember 1942
Gestuerwen 13. Juli 2025
London
Nationalitéit Nigeria
Educatioun United States Army War College
Aktivitéit Militär, Politiker, Enseignant, Offizéier
Fonctioun President vun Nigeria, President
Bestuet mat Safinatu Buhari (1971–1988),
Aisha Buhari (1989–2025)
Websäit https://thisisbuhari.com

De Muhammadu Buhari, gebuer de 17. Dezember 1942 zu Daura, am Nigeria, a gestuerwen den 13. Juli 2025 zu London[1], war e Generol vun der nigerianescher Arméi a Politiker.

No engem Militärputsch gouf hie vun 1983 bis 1985 Staatschef vu sengem Land. Bei de Presidentschaftswale vum 28./29. Mäerz 2015 war hie Kandidat an huet se géint den amtéierende President, de Goodluck Jonathan, gewonnen. Och 1999, 2003 an 2007 war hie scho Presidentschaftskandidat, deemools vun der All Nigeria People's Party, awer ouni Succès. Den 29. Mee 2015 huet hie säin Amt ugetrueden.

Hie gouf am Februar 2019 erëmgewielt.

 Commons: Muhammadu Buhari – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Le Nigéria en deuil : l’ancien président Muhammadu Buhari est décédé à Londres !. Le Guide Info (13.07.2025) Archivéiert de 16.07.2025. Gekuckt den 13.07.2025.