Musekslabel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Museklabel)

E Musekslabel oder Plackelabel ass an der Museksindustrie eng Struktur (zum Beispill eng Entreprise oder eng a.s.b.l.) déi Opname vun eenzele Kënschtler oder Museksgruppen oder soss musikalesch Opnamen an engem oder méi Formater verëffentlecht (digital, CD, Vinyl, Kassett, etc). Dernieft këmmert sech e Musekslabel dacks ëm d'Produktioun, d'Vermaartung an ëm rechtlech Froen.

Musekslabelen zu Lëtzebuerg sinn zum Beispill Muaaah! Records, Noiseworks Records, Own Records oder Winged Skull.