Néblon

Vu Wikipedia
Den Dall vum Néblon tëscht Hamoir an Ouffet
D'Mëndung vum Néblon zu Hamoir

Den Néblon ass eng Baach an de belschen Ardennen an de Provënze Léck a Lëtzebuerg.

Den Néblon entsteet aus dem Zesummefloss vun e puer klenge Baachen op der Héicht vum Schlass vun Ocquier, op der Grenz vun den zwou Provënzen. Et sinn dëst de Ruisseau d'Oquier, d'Ombre an de Ruisseau de Sevrin. Den Zesummefloss vun deene Baache läit op enger Héicht vun 208 Meter. E mécht dann op enger Streck vu ronn 1 km d'Grenz tëscht den 2 Provënze fir duerno an der Provënz Lëtzebuerg weiderzelafen.

E leeft da weider no Osten, fir kuerz no der Uertschaft Jenneret an no 2,5 km erëm op d'Provënzegrenz ze kommen.

E leeft da ronn 6,5 km weider iwwer dës Grenz, an engem schmuelen Dall, den aus naasse bis suppege Wise besteet, an u senge Uwänner stoussen op ville Plazen d'Bëscher déi vun de Koppe ronderëm erofkommen. Doduerch ass d'Bild vun der Bëschvegetatioun ganz verschidden. Et reecht mat Variatioune vum Abësch mat sengen typeschen Holzarte wéi Eller, an Nëssert bis un de Griechtebësch mat Bichen, Ulmen, Kiischtebeem an Eschen.

E leeft op deem Deel de ganzen Zäit praktesch parallel mat der Nationalstrooss 623 bis op Hamoir, wou en 1 km virun der Uertschaft da ganz an der Provënz Léck ass.

Vun der Héicht vum Gemengenhaus vun Hamoir un, ass en op senge leschte 500 Meter tëscht Bëtongsmauere gequetscht, fir ongeféier 150 Meter virun der Bréck vun Hamoir op enger Héicht vun 120 Meter an d'Ourthe ze lafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Néblon – Biller, Videoen oder Audiodateien