Néstor Kirchner

Vu Wikipedia
Néstor Kirchner
Gebuertsnumm Néstor Carlos Kirchner Ostoić
Gebuer 25. Februar 1950
Gestuerwen 27. Oktober 2010
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Argentinien
Educatioun Nationaluniversitéit vu La Plata
Aktivitéit Affekot, Politiker
Partei Partido Justicialista
Famill
Bestuet mat Cristina Fernández de Kirchner
Kanner Máximo Kirchner, Florencia Kirchner

Den Néstor Carlos Kirchner, gebuer de 25. Februar 1950 zu Río Gallegos (Santa Cruz) a gestuerwen de 27. Oktober 2010 zu El Calafate (Santa Cruz) war een argentinesche Politiker. Hie war vun 2003 bis 2007 President vun Argentinien. Virdru war hie Gouverneur vun der Provënz Santa Cruz.

De Kirchner gouf als jonke Mann Member vun der Juventud Peronista (der peronistescher Jugendbeweegung). 1976 huet hie säi Studium fir Affekot op der Nationaler Universitéit vu La Plata ofgeschloss. den 9. Mäerz huet hie sech mat der Cristina Fernández bestuet. Si hunn zwéi Kanner: Maximo (1977) a Florencia (1990).

1987 gouf den Néstor Kirchner Intendante (eng Zort Buergermeeschter) vu Santa Cruz (bis 1991). Duerno gouf hie Gouverneur vun der Provënz mam selwechten Numm a blouf dat bis 2003. An deem Joer gouf hien zum 54. President vun Argentinie gewielt. 2007 ass seng Amtsperiod ofgelaf; Nofollger am Amt gouf seng Fra, d'Cristina Kirchner.

De 27. Oktober 2010 ass hien un engem Häerzschlag stënterlech gestuerwen.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Voormalige Argentijnse president Kirchner overleden, demorgen.be, 27-10-2010