NGC 1850

Vu Wikipedia
NGC 1850
NGC 1850:Jonke Kugelstärekoup an Niwwel
Stärebild Dorado (Dor)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 08m 42s
Deklinatioun - 68° 46' 00"
Geschicht
Entdecker James Dunlop
Entdeckungsdatum 3. August 1826

Den NGC 1850 ass en oppene Stärekoup dee mat der Grousser Magellanescher Wollek am Stärebild Dorado associéiert ass. Säin Alter gëtt op ronn 50 Millioune Joer geschat an hie gehéiert domat zu enger Objetklass, déi et an eiser Mëllechstrooss net gëtt. De Kugelstärekoup NGC 1850A deen eng Substuktur ass, ass en extreem jonke bloe Kugelstärekoup mat engem Duerchmiesser vun 3,4' an enger visueller Magnitude vu +9,30 mag. Am baussenzege Beräich vum Koup gëtt et eng opfälleg Verdichtung vu jonke Stäre vum Spektraltyp O a B (am Bild ënne riets ze gesinn) mam Numm NGC 1850B, deem säin Alter op nëmme ronn 4 Millioune Joer geschat gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 1850 – Biller, Videoen oder Audiodateien