Narziss (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Narziss (gr. Νάρκισσος; Nárkissos oder lat. Narcissus) war an der griichescher Mythologie de schéine Jong vum Flossgott Kephisos an der Nymph Leiriope.

Den Narziss war zwar schéin, mä agebilt an huet eng Rei Nymphen déi an hie verléift waren zeréckgewisen, sou z. B. och d'Echo. Enges Daags wéi hie beim Waasser drénke wollt, huet hie sech a säin eegent Spigelbild verléift. Wärend Deeg ass e beim Waasser sëtze bliwwen an huet beklot dat säi Spigelbild an hien net kéinten zesummekommen, bis den Narziss schlussendlech gestuerwen ass. No sengem Doud si kleng wäiss Blumme fonnt ginn, déi vun do u säin Numm gedroen hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Narziss (Mythologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien