Nasir al-Muhammad al-Ahmad as-Sabah

Vu Wikipedia
Nasir al-Muhammad al-Ahmad as-Sabah

De Scheich Nasir Al-Mohammed Al-Ahmed Al-Sabah gebuer 1940, gouf de 7. Februar 2006 vum Emir Scheich Sabah al-Ahmad al-Dschabir as-Sabah zum Premierminister vum Kuwait ernannt.

Den Nasir al-Muhammad huet op der Universitéit vu Genf an der Schwäiz en Ofschloss a politesche Wëssenschaften an an Ekonomie gemaach.

Éier hie Premier gouf, war hien Ambassadeur am Iran an am Afghanistan, Informatiounsminister, Sozial- und Aarbechtsminister, Ausseminister a Minister vum kinnekleche Geriicht.