Nationale Pompjeesmusée

Vu Wikipedia

Den Nationale Pompjeesmusée ass e Projet, dee schonn eng laang Zäit "an der Maach" ass, deen awer nach net realiséiert gouf.

Iwwer Joerzéngten ewech hunn d'lëtzebuergesch Pompjeescorpse probéiert, déi wichtegst Gefierer, déi iwwerlieft waren, ze versuergen. Op déi Manéier konnt eng Rëtsch Pompjeesmaterial gesammelt ginn, dat méi spéit an engem spezielle Musée ausgestallt ka ginn.

Am Hierscht 2007 stoungen eng 70 Gefierer an anert Material provisoresch an enger Hal zu Colmer-Bierg, an där virdrun d'SuperDrecksKëscht ënnerdaach war.

De Pompjeesverband huet am Joer 2017 decidéiert zu Nidderwolz am ale Pompjeesbau ee Pompjeesmusée z'etabléieren. 5 Pensionären an 1 Aktiven hunn do fir de Verband an iwwer 5.500 Stonnen ee Pompjeesmusée op d'Bee gestallt. Dat soll eng Fënster fir dee grousse Musée sinn, deen zanter Laangem am Gespréich ass. De 16. Mee 2020 huet de Pompjeesmusée an der Géitz zu Wolz seng Diere fir de Public opgemaach.