Nationalpolitische Erziehungsanstalt Kolmar-Berg

Vu Wikipedia

Ënner der Bezeechnung Nationalpolitische Erziehungsanstalt Kolmar-Berg gouf eng Eliteschoul fir Meedercher tëscht 1941 an 1944 vum däitsche Besatzer zu Colmer-Bierg am Schlass bedriwwen.

Den 9. Februar 1941 huet de Gauleiter Gustav Simon op enger Grosskundgebung duergeluecht, wéi am Kader vun enger "Vereinheitlichung des volksdeutschen Raumes im Westen" Lëtzebuerg ideologesch, wirtschaftlech a kulturell an de "Gau Moselland" sollt integréiert ginn. Als eng Mesure dozou huet hien ë. a. ugekënnegt, eng "Napola" (Nationalpolitische Erziehungsanstalt) zu Colmer-Bierg anzeriichten.[1]

Dës Institutioun gouf den 22. Abrëll 1941 gegrënnt, mat ufanks enger Direktesch, der Hedwig List, an dräi Enseignanten (1942 waren et der sechs, 1943 zéng). Et huet sech dobäi ëm eng Oberschule fir Meedercher gehandelt, wou de Schwéierpunkt op sproochlecher an hauswirtschaftlecher Formatioun louch. D'Schülerinnen, bal alles Däitscher, déi och Member vum Bund Deutscher Mädel waren, waren do am Pensionat.[2]

Am Schlass Bierg, dat zanter dem 10. Mee 1940 eidel stoung, gouf villes ëmgebaut, a wéi déi Däitsch nees fort waren, waren och déi meescht Konschtwierker a Miwwele verschwonnen. D'Miwwele goufe geklaut an am Reich verklappt.[3]

Den 28. August 1944, wéi d'Amerikanesch Arméi ëmmer méi no koum, goufen déi däitsch Schülerinnen an dat däitscht Léierpersonal fir d'éischt an d'Haaptquartéier, d'Schlass Bensberg zu Bergisch Gladbach bei Köln, a Sécherheet bruecht, duerno, wéi et och do kritesch gouf, op d'Insel Reichenau um Konstanzer Séi.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jodda-Flintrop, Stefanie, 2010. "Wir sollten intelligente Mütter werden". Nationalpolitische Erziehungsanstalten für Mädchen. 258 S. BOD, Norderstedt. ISBN 978-3-8391-2663-9.
  • Krantz, Robert, 2009. " '...auf ausdrücklichen Befehl des Führers als kriegsentscheidende Erziehungseinrichtung...': Materialien zur 'Nationalpolitischen Erziehungsanstalt Kolmar-Berg' vom Einzug in das ehemalige grossherzogliche Schloss (1941) bis zur Auflösung in Reichenau (1945)." In: Galerie, Revue culturelle et pédagogique (25), Nr. 4: 561-612.
  • Krantz, Robert, 2010. Die politische Satire gegen das Naziregime. Karikatur, Witz, Spott, Humor und Karikatur in Luxemburg. 207 S. Éditions Kremer-Muller & Cie, Esch-sur-Alzette. [Mit Beiträgen von Paul Lesch und Fränk Schroeder] S.109.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalpolitische Erziehungsanstalt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Moselland Bollwerk der Grenzlandtreue," in: Escher Tageblatt. Tageszeitung für das Luxemburgische Industriegebiet. Amtliches Blatt der Volksdeutschen Bewegung und sämtlicher Behörden im Kreise Esch, 10.2.1941, S.1 a 5.
  2. 2,0 2,1 Cf. Krantz 2009: 579 an der Literatur.
  3. Cf. Krantz 2010: 109 an der Literatur: eng Annonce an der Kölnische Zeitung vum 20. Oktober 1943, Reichsausgabe Nr.441/2, S. 5: "Antikes Prachtmöblel, Biedermeier-Sekretär, ganz eingelegt, stammend aus dem großh. Schloss in Luxemburg, 9500 RM zu verkaufen. Angebote E.K. 3338, Köln. Zeitung, Köln, Nr.814."