Naturreservat vu Roly

Vu Wikipedia

D'Naturreservat vu Roly läit an der belscher Provënz Namouer tëscht Roly a Villers-en-Fagne, net wäit ewech vu Philippeville.

D'Reservat dat 91,5 ha grouss ass, läit am Weste vu Roly a besteet aus zwéin Deeler déi op zwou verschiddene Koppe leien an duerch e Wisendall vunenee getrennt sinn, deen net zum Reservat gehéiert. Vun deem Ganze gehéieren 88 ha der Gemeng, an de Rescht ass a Privatbesëtz.

Dat Speziellt um Reservat ass, datt e matzen am Venn op engem Kallekmassif läit, deen eng Insel am Schifer vun der Famenne bilt.

Déi Kallekkoppen déi Tiennes genannt ginn, sinn d'Iwwerreschter vu Korallebänken déi am waarme Mier entstane sinn, dat an der Fréigeschicht vun der Äerd déi Géigend bedeckt huet.

Verschiddener vun dëse Kallekbänke ginn nach an de Marbersscarrièren ëmt Roly ofgebaut.

D'Kopp déi am Norde läit ass de Massiv vum Bois de Cumont den op enger Héicht vun 266 Meter läit. De Massiv vum Bois Jean Mouton am Süde läit op enger Héicht vun 260 Meter. Den Dall dertëscht läit op 180 Meter.

An deene Massiver fënnt en Odere mat Pyrit (Eisekisel), Baryt, Calcit a Bläiglanz (Töpferäerz).

Am Reservat fënnt e Kallekwuesen, an op de Ränner vum Bësch all typesch Gesträicher vun de Kallekbiedem. De Bësch selwer besteet aus Hecken (fr:taillis de:Niederwald), aus Bichebësch a Bichen-Hobichebësch vun de Kallekbiedem. Op den Häng wuessen haaptsächlech Ahornbëscher.

De Bichebësch am Massiv vu Cumont ass praktesch am Urwaldzoustand. Dëst kënnt dohier, well en ëmmer am Besëtz vun der Abtei vu Florennes war, déi keng Exploitatioun erlaabt huet.

Als niddreg Planzen a Grieser fënnt en d'Kuckuksblumm, Anemonen, Wantergréng, Salomonsigel, Chrëschtrousen, de giele Fangerhutt, Origano a verschidden Orchideeënzorten.

De Bësch am Massiv Jean Mouton, deen ëmmer staark exploitéiert gouf, ass net méi am Naturzoustand. Amplaz vum pure Bichebësch fënnt en elo do e Bichen-Hobichebësch duerchwuess mat wëlle Kiischtebeem a Summereechen. Heiansdo gesäit en och Hieselter, Ahorner, Kornelkiischten a Schnéiball. Am Fréijoer ass dat Ganzt e groussen Teppech vun Ouschterblummen.

Eng grouss Parti vum fréiere Bësch gouf duerch d'Véi zerstéiert, dat an de Bëscher geweet huet, de Rescht huet huet de Mënsch mat Sange futti gemaach. Wéi déi landwirtschaftlech Praktiken opgehalen hunn, hu sech sou vill Kanéngercher installéiert, datt all Nowuess onméiglech gouf. Dat mécht sech besonnesch am südwestlechen Deel vum Cumont-Massiv bemierkbar, deen nach just aus engem Kallekwuess besteet.

Do kann en awer och Enzian fannen.

An den Ahornbëscher, déi haaptsächlech ass Spatzahorn bestinn, fënnt en och nach d'Wanterlann an d'Esch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Gesetz vun der Agregatioun