Nea Salamis Famagusta

Vu Wikipedia

Nea Salamis Famagusta (Griichesch: Νέα Σαλαμίνα Αμμοχώστου) ass e Foussballveräin aus der zypriotescher Stad Famagusta. E gouf 1948 gegrënnt. D'Faarwe vum Veräi si rout-wäiss. Zanter der Besetzung vum Norddeel vun der Insel duerch tierkesch Truppen ass de Veräin zu Larnaka doheem. Zur Zäit gëtt de Veräin vum President Giorgos Genagritis geleet. Den Dimitrios Kalaitzidis ass Trainer vun der éischter Ekipp. Nea Salamis spillt am Stadio RAFAEL GROUP Ammóchostos, dee Plaz huet fir 8.000 Spectateuren.

Sportlech Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

Nea Salamis ass mat kuerzen Ënnerbriechungen zanter 1955 an der éischter zypriotescher Liga. Déi bescht Plazéierungen hat de Veräin jeeweils mat drëtte Plazen an der Opstigssaison 1955/56, 1965/66, 1992/93 an 1994/95.

1966 huet Nea Salamis d'Finall fir den Zypriotesche Foussballpokal erreecht, huet awer géint d'Mannschaft vun Apollon Limassol verluer. 24 Joer méi spéit stoung de Veräin nees an der Finall. Mat engem 3:2 géint Omonia Nikosia hu se fir d'éischt an der Veräinsgeschicht de Pokal gewonnen. Bei der drëtter Participatioun an der Finall 2001 huet Nea Salamis nees géint Apollon Limassol verluer.

An den europäesche Veräinsconcoursen hat Nea Salamis bis elo wéineg Succès. 1991 ass d'Mannschaft am Europapokal vun de Pokalgewënner ugetrueden, huet awer an der éischter Ronn zweemol kloer géint den FC Aberdeen verluer. 1997 huet de Veräi sech fir den UI-Cup qualifizéiert, ass awer no nëmmen enger Victoire no den éischte Gruppespiller ausgescheet. An der Saison 2000/01 ass Nea Salamis no zwou Victoiren géint den albanesche Veräin KS Vllaznia Shkodra an déi zweet Ronn vum UI-Cup komm, ass dann awer géint FK Austria Wien erausgefall.

Bekannte Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nea Salamis Famagusta – Biller, Videoen oder Audiodateien