Neen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Neen ass déi negativ Äntwert op eng Fro, déi een entweder positiv oder negativ beäntwerte kann. Dat nennt een eng Entscheedungsfro. "Neen" ass eng Interjectioun (vergläich: Jo, Vläicht). Déi Beispiller déi elo komme verdäitlechen datt den Inhalt vum Wuert jee no Context modal opgeluede gëtt an datt d'syntaktesch Funktioun déi vun engem Sazequivalent unhëlt.

Et gëtt déi einfach an déi duebel Negatioun. Am Lëtzebuergeschen gëtt heiansdo, wéi och am Däitschen, d'duebel Negatioun (wat logesch eigentlech eng Affirmatioun ass) als verstäerkten Negatioun benotzt.

Äntwerten[änneren | Quelltext änneren]

Positiv Froen[änneren | Quelltext änneren]

  • Neen ass de Contraire vu Jo.
    • "Gees de haut an d'Piscine?" - Äntwert: "Nee!", oder "'Neen, ech ginn haut net an d'Piscine."
    • "Ass 12 au carré 137?" - Äntwert: "'Neen', 12 au carré ass 144." => Hiweis op ee Feeler ("falsch")

Negativ Froen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bei negative Froen ass "Dach!" de Contraire vu Jo.
    • "Kënns de haut net an d'Piscine?" - Äntwert: "Dach" (ech komme mat an d'Piscine).

Bestätegend Äntwert[änneren | Quelltext änneren]

  • Nee gëtt an der Ëmgankssprooch dacks och als bestätegend Äntwert gebraucht.
    • "Hues du keng Kornischonge kritt? Neen (ech hu keng Kornischonge kritt).

Nach aner Uwendungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bei munneche Riedewendungen gëtt "Neen!" och als Aworf benotzt, fir eng Ausso als falsch ze kennzeechnen oder fir enger Handlung ze widderspriechen.
    • "D'Stad Lëtzebuerg ass den 11. September 1944 vun den Amerikaner befreit ginn." - Aworf: "Neen, se ass den Dag virdrun, den 10. September, befreit ginn!"
    • "Komm mol, an hëllef mer!" - "Neen!"
  • "Neen!" kann een Ausruff vum Erstaune sinn.
  • Op Froen, déi een "entweder - oder" enthalen kann een net mat "Neen!" äntwerten.
    • "Kënns de mat, oder bleifs de hei?" - Dorop kann een net mat "jo" oder "neen" äntwerten, ouni ze riskéiere mëssverstanen ze ginn.
  • Een "Neen" gëtt a ville Fäll ëmgaangen.
    • "Kënnt der mer w.e.g. soen, wéi spéit et ass?" "Neen!" wier do ganz onhéiflech. Do muss onbedéngt eng Begrënnung nokommen.

Synonymer[änneren | Quelltext änneren]

Ee Synonym fir "Neen" ass an der Ëmgankssprooch "M!-M!" oder "ë!-ë!", wobäi d'Tounlag vum éischten "M" oder "ë" méi héich leie muss.

"Dat ass falsch!", "Dat stëmmt net!", "Dat ass Kabes!" an ähnlech Formuléierungen enthale genee sou eng Negatioun.

E kuerzt Schnalze mat der Zong, vir am Mond, kann och "Nee" heeschen; dacks schwéngt do och e Vierwuerf mat.

"Jo, jo ..." (mat betounter Gläichgültegkeet geschwat) kann an der Ëmgankssprooch och heeschen: am Fong Neen.

Kierpersprooch[änneren | Quelltext änneren]

A ville Länner (mä net Bulgarien oder Griicheland...) kann e kuerzt Rësele vum Kapp an déi zwou Richtungen als Ausdrock fir "Neen!" benotzt ginn.

Aner Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

"Neen" ass ee Basiswuert a wuel alle Sproochen, aus deem Grond ass et an deene villen entstanene Sproochen dacks ganz ähnlech, opgrond vu senger Wichtegkeet ass et kuerz, a ka ganz haart a Befehlsform ausgeschwat ginn, dozou e puer Beispiller:

Mä opgepasst: Am Griicheschen heescht "ne" ... "Jo"; d'Wuert fir "Nee" ass ochi.

A ville Sprooche gëllt ee plakegen "Neen" als sou onhéiflech, datt een e regelméisseg, mat Hëllef vun engem Euphemismus, ëmschreift.

Logik[änneren | Quelltext änneren]

Neen kann als Wourechtkeetswäert gebraucht ginn, a kennzeechent d'Falschheet vun engem Ausdrock respektiv d'Net-Zoutreffen, vis-à-vis vun der Wourecht vum Ausdrock (F|W).

Dem Wourechtkeetswert "Neen" kann een entspriechende Spannungswäert zougewise ginn. E kann och duerch een Zuelewert symboliséiert ginn (z. B. "0")

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Neen – Biller, Videoen oder Audiodateien