Nero Wolfe

Vu Wikipedia
Nero Wolfe
den Nero Wolfe (Illustratioun 1938).
Createur Rex Stout
Ass en(g) fiktive Mënsch, literaresch Figur, Televisiounsfigur
Geschlecht männlech
Produktiounsland USA

Den Nero Wolfe ass dee bekanntste Personnage vum US-amerikanesche Schrëftsteller Rex Stout, deen an der eponymer Bicherserie (1934–73) fungéiert huet. De Wolfe ass e Privatdetektiv. Sengen Assistent Archie Goodwin ass den zweete Protagonist an der Serie.

Den Nero Wolfe a säin Detektivbüro[änneren | Quelltext änneren]

An der 35. Strooss zu New York City "residéiert" den Nero Wolfe, 140 Kilo, an engem Zillenhaus. Hien ass spezialiséiert op Mordfäll, déi hie vu sengem Schreifdësch aus léist. Fir de Kontakt mat der Baussewelt ass säi Sekretär a Meedche fir Alles zoustänneg, den Archie Goodwin, dee sech mat der Zäit un déi exzentresch Liewensweis vu sengem Chef gewinnt huet; kee geschäftlech Gespréich beim Iessen an den Hass op Fraen. De Wolfe kann d'Frae net ausstoen, besonnesch net déi déi sech a sengem Büro hysteresch opféieren. Berufflech kritt e sech dacks an d'Hoer mam Inspekter Cramer an dem Sergeant Purley Stebbins vun der New-Yorker Mordkommissioun.

Den Nero Wolfe staamt aus dem Montenegro a seng Leidenschaft ass seng Orchideeënzuucht.

Beim Nero Wolfe wunnen den Archie, de Fritz Brenner, e Schwäizer Kach dee fir exquisit Moolzechte suergt, an den ale Gäertner, den Theodor Horstman, dee sech ëm d'Orchideeë këmmert.

D'Nero-Wolfe-Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • 1934: Fer-de-Lanceden éischten Nero-Wolfe-Roman
  • 1935: The League of Frightened Men
  • 1936: The Rubber Band
  • 1937: The Red Box
  • 1938: Too Many Cooks
  • 1939: Some Buried Caesarden Archie Goodwin léiert d'Lily Rowan kennen
  • 1940: Over My Dead Body
  • 1940: Where There's a Will
  • 1946: The Silent Speaker
  • 1947: Too Many Women
  • 1948: And Be a Villainden Arnold Zeck trëtt op
  • 1949: The Second Confessionzweeten Arnold-Zeck-Roman
  • 1950: Even in the Best Familiesdrëtten Arnold-Zeck-Roman
  • 1951: Murder by the Book
  • 1952: Prisoner's Base
  • 1953: The Golden Spiders
  • 1954: The Black Mountain
  • 1955: Before Midnight
  • 1956: Might as Well Be Dead
  • 1956: Three Witnesses
  • 1957: If Death Ever Slept
  • 1958: Champagne for One
  • 1959: Plot It Yourself
  • 1960: Too Many Clients
  • 1961: The Final Deduction
  • 1962: Gambit
  • 1963: The Mother Hunt
  • 1964: A Right to Die
  • 1965: The Doorbell Rang
  • 1966: Death of a Doxy
  • 1968: The Father Hunt
  • 1970: Death of a Dude
  • 1973: Please Pass the Guilt
  • 1973: A Family Affair

Medien-Adaptatiounen[änneren | Quelltext änneren]

a Filmer[änneren | Quelltext änneren]

am Radio[änneren | Quelltext änneren]

an der Tëlee[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nero Wolfe – Biller, Videoen oder Audiodateien