Nguyễn
Ausgesinn
Nguyen, op Vietnameesesch Nguyễn (阮 an aler Schrëft), ass dee geleefegste Familljennumm vu Leit mat vietnameeseschen Originnen. Et gëtt geschat, datt tëscht 40% a 70% vun de Vietnameese sou heeschen.
Nguyễn gëtt a klassescher Schrëft 阮 geschriwwen, wat eng Zort Leier duerstellt, déi d'Chineese Ruan nennen. Et gëtt ënnerschiddlech ausgeschwat:
- op Mandarin: Ruǎn /ʐwan˧˩˦/.
- op Kantonesesch: Yuen /jyːn˨˥/.
- op Schanghaiesch: Gnieuh /ɲɥø¹³/.
- op Vietnameesesch: Nguyễn /ŋwiən˧ˀ˥/.
Nguyen ass dee 7.-heefegsten Numm an Australien, an zu Melbourne, no Smith, esouguer deen 2.-heefegsten. Och zu Montréal ass et deen 2.-heefegsten Numm. A Frankräich kënnt en op der 54. Plaz, an an Tschechien op der 85. Zu Lëtzebuerg stoung en 2020 34-mol am Telefonsbuch.[1],[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fiche "Nguyen" am Luxemburger Familiennamenatlas, lfa.uni.lu.
- ↑ Nguyen op editus.lu