Nicolae Timofti

Vu Wikipedia
Nicolae Timofti
Gebuer 22. Dezember 1948
Nationalitéit Sowjetunioun, Moldawien, Rumänien
Aktivitéit Politiker, Riichter, Jurist, Staatsmann
Partei keng

Den Nicolae Timofti, gebuer den 22. Dezember 1948 zu Ciutulești, SSR Moldawien, Sowjetunioun, ass e moldawesche Jurist a Politiker. Hie war vu Mäerz 2012 bis November 2016 President vun der Republik Moldawien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolae Timofti ass de Jong vun enger Famill vu Sibirien-Deportéierten.[1] Hien huet bis 1972 Droit op der Universitéit Chișinău studéiert an duerno als Conseiller am Justizministère. Hie war vun 1976 u Distriktsriichter zu Chișinău a vun 1980 u Riichter vum Ieweschte Conseil.

1990, no der Onofhängegkeetserlärung vu Moldawien, gouf den Timofti Vizepresident um Ieweschte Geriichtshaff.1996 bis 2001 President vun der Chambre d'appel vu Chișinău, gouf awer entlooss, wéi d'Kommunistesch Partei PCRM un d'Muecht koum[1] 1996 gouf den Timofti ausserdeem President vun der moldawescher Riichtervereenegung.

De 16. Mäerz 2012 huet den Timofti d'Wal zum President vu Moldawien gewonnen.[2]

Den Timofti ass bestuet a Papp vun 3 Jongen.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Parteiloser Richter und Pro-Europäer derstandard.at, 16. Mäerz 2012 (gekuckt de 17. Mäerz 2012).
  2. Nicolae Timofti ist neuer Präsident. handelsblatt.com, 16. März 2012, gekuckt de 16. Mäerz 2012
  3. Richter Nicolae Timofti zum Präsidenten gewählt, de.ria.ru, gekuckt de 16. Mäerz 2012.