Nil (Baach)
Ausgesinn
| Längt | 13 km |
|---|---|
| Hydrographesche Baseng | Escaut |
| Originn | |
| Originn | Quell |
| Plaz | Walhain-Saint-Paul |
| Héicht | 165 m |
| Koordinaten |
50° 36’ 27.87’’ N 04° 42’ 16.34’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | Orne |
| Plaz | Blanmont |
| Héicht | 115 m |
| Koordinaten |
50° 37’ 40.63’’ N 04° 42’ 25’’ O |
| Geographie | |
| Land |
|
| Regioun | Wallounesche Brabant |
|
| |
Den Nil ass eng belsch Baach am Wallounesche Brabant um Territoire vun de Gemenge Walhain a Chastres. Et ass en 13 km laangen Niewefloss vun der Orne, an doriwwer eraus gehéiert en iwwer d'Dijle an de Rupel zum Anzuchsgebitt vum Escaut. A sengem ieweschte Laf ass en topographesche Kaarten och ënner dem Numm Hain ze fannen.
D'Baach huet hir Quell südlech vu Walhain-Saint-Paul. Se leeft duerno duerch d'Dierfer Tourinnes-Saint-Lambert, Nil-Saint-Vincent-Saint-Martin a Blanmont fir do um Lieu-dit Les Montagnes an d'Orne ze lafen.
De geographeschen Zentrum vun der Belsch läit direkt um Uwänner vum Nil, um Territoire vun Nil-Saint-Vincent[1].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Guide touristique : Le Pays de Villers en Brabant wallon". Maison du tourisme du Pays de Villers en Brabant wallon, 2013, S.40.
