Niwwelbou

Vu Wikipedia
Niwwelbou

Den Niwwelbou ass en Evenement vun der atmosphärescher Optik a Form vun engem kreesfërmege Bou, dee wäiss liicht. Et handelt sech ëm eng besonnesch Form vum Reebou, déi duerch besonnesch reng Drëpse bedéngt ass.

Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

En Niwwelbou entsteet, wann d'Sonn op eng Niwwelmauer schéngt an d'Liicht duerch déi op d'mannst 5 Mikrometer grouss Drëpse reflektéiert gëtt. Am Verglach mam Reebou ass d'Band vum Niwwelbou ongeféier duebel sou breet an dat afalend wäisst Liicht gëtt net a verschidde Faarwe gebrach. Den Niwwelbou ass ëmmer vis-à-vis vun der Sonn. Säi Radius huet bis zu 42° an en ass méi kleng wann d'Drëpsen och méi kleng sinn. Wann d'Drëpse méi kleng wéi 5 Mikrometer sinn, da kann den Niwwelbou mat bloussem A net méi gesi ginn.

Heefeg kann den Niwwelbou zesumme mam Brockegespenst an der Glorie observéiert ginn.

360° Niwwelbou

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

D'Bildungsprinzip berout zum enge wéi beim Reebou op der Refraktioun an der Reflexioun vu Liichtstralen an de Waasserdrëpse vum Niwwel. Well d'Drëpse méi kleng wéi 50 Mikrometer sinn, spillen och Diffraktiounseffeten eng Roll. Duerch kleng Drëpsen iwwerlagere sech déi reflektéiert Liichtstrale sou, datt de Bou wäiss ausgesäit.

Wat Drëpse méi kleng sinn, wat den Niwwelbou ëmsou méi liichtschwaach erschéngt. Vu manner wéi 5 Mikrometer un, gëtt d'Liicht sou schwaach, datt een et net méi gesäit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Niwwelbou – Biller, Videoen oder Audiodateien

http://meteoros.de/nebel/nebel.htm