Nondidjeft

Vu Wikipedia
Nondidjeft
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2005
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Max Mertens
Dréibuch Max Mertens
Pitt Mertens
Fotografie Max Mertens
Pitt Mertens
Paul Thein
Daniela Del Fabbro
Christophe Lampach
Mich Schockweiler
Musek LP Pro
Produzent Klautchen Production
Schauspiller
Daniela Del Fabbro als Tuss
Jeff Koob als Frank
Christophe Lampach als Autoverkeefer
Jean-Lou Metz als Edgar
Max Mertens als Jacques
Pitt Mertens als Heavy
Sarah Michels als dat dat jäizt
Mich Schockweiler als Kläpper
Paul Thein als Harry
Noa als klengen Hond
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Nondidjeft ass den éischte Film vun de Bridder Max a Pitt Mertens aus dem Joer 2005.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Jacques a säi Brudder Heavy sinn zwou liddreg Pänz. Bei der Bestellung vu Rocco Siffredi Pornoe maache si e schlëmme Feeler: amplaz vun 10 DVDe bestelle si der 10.000 an hu lo en décke Problem dat Ganzt ze bezuelen.

Bei der Liwwerung vun de Pornoe musse si leider zouginn, datt si dat Ganzt net bezuele kënnen. De Pornosproduzent Frank Gun mécht hinne mat Hëllef vu sengem Kläpper kloer, datt si bannent dräi Deeg d'Sue mussen hunn, soss si se drun.

Fir u Suen ze komme gëtt probéiert en Auto ze klauen an e klengen Hond z'entféieren: déi zwou Saache klappen natierlech iwwerhaapt net.

Zu gudder Lescht iwwerwannen déi zwéin hir Skrupelen a gi bei den Drogeboss Harry. Hien huet en interessanten Job fir d'Bridder: eng Wallis voll mat exklusiven Droge soll op eng V.I.P.-Party bruecht ginn. De Jacques an den Heavy menge si hätten et gepackt. Op enger Party stierze s'awer gehierlos of a kréien och nach d'Wallis geklaut.

Den Ultimatum ass schliisslech ofgelaf a si hunn nach ëmmer keng Suen, … en plus hu si nach d'Wallis voll mat Droge verluer. Si verstoppe sech bei der Mousels-Brauerei am Gronn, eng Plaz déi d'Gangster awer direkt erausfannen.

Et kënnt zum bluddege Showdown.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]