Noyers-Pont-Maugis

Vu Wikipedia
Noyers-Pont-Maugis
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Sedan-1
Postcode 08350
Gemengecode 08331
Koordinaten 49° 39’ 45’’ N
      04° 56’ 17’’ O
Fläch  932 ha
Bevëlkerung  717 (2006)

Noyers-Pont-Maugis ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Meuse, um Fouss vum Col La Marfée a vun de Koppen, op deene sech 1641, d'Schluecht vu Marfée tëscht den Truppe vum Gaspard vu Coligny an deene vum Prënz vu Sedan ofgespillt huet, an an där de Grof vu Soissons de Louis vu Bourbon ëm d'Liewe koum.

Vu 1560 bis 1642 huet d'Uertschaft zum Fürstentum Sedan gehéiert.

Den Numm vun der Uertschaft geet op eng Seechen zeréck no där den Zauberer Maugis do fir dem Herzog Aymon seng véier Bouwen eng Bréck gebaut hat, fir datt déi virun hirem Papp konnten iwwer d'Meuse fortlafen.

Kuckt och[Quelltext änneren]