Op den Inhalt sprangen

Observatoire St. Margarethen

Vu Wikipedia
Observatoire St. Margarethen
Typ Bauwierk, astronomeschen Observatoire
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Schwäiz
Regioun/Gemeng Binningen
Koordinaten 47°32'27"N, 7°35'0"O
Am Observatoire, beim Versuch fir d'Venus ze gesinn

Den Observatoire St. Margarethen ass en Observatoire an eng meteorologesch Observatiounsstatioun zu Binningen bei Basel an der Schwäiz.

Den Observatoire steet um Bruderholz iwwer der Baseler Konschtäisbunn. E gouf 1929 als Suite vum Observatoire um Bernoullianum opgemaach an huet bis 2007 der Universitéit Basel gehéiert. No der Opléisung vum Astronomeschen Institut Enn 2007 gëtt den Observatoire vum Astronomesche Veräi vu Basel weiderbedriwwen.

Op der Standplaz gëtt och d'Baseler Klimarei gemooss, déi zanter 1755 onënnerbrach kontrolléiert gëtt.

Am Observatoire si Miessstatioune vun den Netzer NADAM (Gammastralung), NABEL (Loftschuedstoffer) an dem Schwäizer Äerdbiewendéngscht.

Den Observatoire ass als „kulturellt Verméige vu regionaler Bedeitung“ klasséiert.

Portal Astronomie

 Commons: Observatoire St. Margarethen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]