Oder

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Stroum Oder. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Oder (Homonymie).
Oder
Längt 854 km, 742 km
Debit 480 m³/s
Fläch vum Baseng 125.000 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Fidlův kopec
Héicht 634 m
Koordinaten 49° 36’ 48’’ N
      17° 31’ 15’’ O
Konfluenz
Leeft an Stettiner Haff
Baltescht Mier
Héicht 0 m
Koordinaten 53° 36’ 06’’ N
      14° 35’ 23’’ O
Geographie
Land Tschechesch Republik
Polen
Däitschland

D'Oder (Odra op Polnesch, Tschechesch a Sorbesch) ass en 854 km laange Stroum an Zentraleuropa. Se leeft duerch Tschechien (112 km) a Polen (742 km), a mécht op enger Längt vun 187 km d'Grenz tëscht Däitschland a Polen. Hir Mëndung ass am Stettiner Haff, wou se ronderëm d'Inselen Usedom a Wolin an d'Baltescht Mier leeft.

A Polen ass et den zweetlängste Floss no der Wisła.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Quell vun der Oder/Odra ass an Tschechien, nordwestlech vu Kozlov am Fidlův kopec an de miereschen Oderské vrchy ("Oderbierger").

Déi éischt 131 Kilometer leeft ze duerch Tschechien. Bei Bohumín op enger Héicht 195 m, wou se vun der Olsa gefiddert gëtt, geet et eriwwer a Polen, wou hire Laf duerch Schlesien an Nidderschlesien (mat senger Haaptstad Wrocław (Breslau)) féiert. Eppes méi wäit, vun do un, wou vu Süden d'Lausitzer Neiße bei Ratzdorf a Brandenburg dra leeft, verleeft zanter 1945 d'Grenz tëscht Däitschland a Polen duerch hir Mëtt. Bei Schwedt/Oder spléckt se sech an zwéin Äerm (Westoder/Odra Zachodnia an Ostoder/Odra Wschodnia), woubäi d'Land dertëscht, an herno och d'Westoder am Mëndungsgebitt, engem Séi, op polnescher Säit ass.

Op hirem Laf tëscht deenen zwéi Länner, leien ënner anerem d'Stied Frankfurt (Oder), Słubice a Kostrzyn nad Odrą, an op polnescher Säit, bei der Mëndung, Szczecin.

Gréisser Stied[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oder River – Biller, Videoen oder Audiodateien