Odin

Vu Wikipedia
Den Odin als Wanderer mat Schlapphutt (Georg von Rosen - Oden som vandringsman, 1886)

Den Odin ass an der germanesch/nordescher Mythologie den ieweschte vun de Gëtter. Hie war de Jong vun der Bestla a vum Bor. Hien huet zum Geschlecht vun den Asen gehéiert, a war mat der Frigg bestuet mat där en d'Kanner Thor, Balder an Tyr hat.

Hien huet nëmme méi säi rietst A. Dat anert hat hie geaffert fir eng Schlupp aus dem Mimir senger Quell vun der Wäisheet kënnen ze drénken duerch déi hie Kenntnis iwwer dat urzäitlecht Wësse kritt. Eng aner Kéier huet hie sech 9 Deeg laang mam Kapp no ënnen un d'Weltesch Yggdrasil gehaange fir vun der Mamm Natur am Géigenzuch d'Muecht iwwer d'Runen ze kréien.

Den Odin gëtt virun allem als Wanderer beschriwwen dee sech ënner d'Mënsche mëscht fir si an der Fabrikatioun vu Waffen z'ënnerriichten an hinnen d'Konscht vum Dichten a Rieden (Rhetorik) bäizebréngen. E gëllt awer och nieft dem Heimdall als deen deen d'Stänn erschaf huet (Kinneken, Baueren, Kniechten). Als Krichsgott herrscht hien iwwer Asgard. Spéider gëtt hien och Gott vun der Dichtkonscht, de Runen an den Doudegen. Op Walhall hëlt hien déi gefalen Helden op (Einherjer) déi vun de Walküre vum Schluechtfeld dohi begleet goufen. Do bereede se sech dann op de Ragnarök vir.

Daagsiwwer verfollegt den Odin a sengem Palast dem Valaskjalf op Hlidskjalf wat an der Welt geschitt. Hie schéckt all Dag seng Kueben Hugin a Munin iwwer seng Räicher fir dat si him vun de grousse Geheimnisser vun der Welt beriichte kënnen. An engem anere Palast (Gladsheim) versammelt hien de Rot vun de Gëtter. Nuets zitt hie mat sengem Wuothisheer iwwer d'Akeren a suergt sou fir d'Fruuchtbarkeet vun de Felder. Mat senge Bridder Vili a Ve schnëtzt hien aus enger Esch an enger Ulm dat éischt Puer Mënschen an haucht hinne Liewen an.

Attributen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Odin – Biller, Videoen oder Audiodateien