Sleipnir

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Odin deen um Sleipnir reit

De Sleipnir (den Dohigleedenden, oder als alternativ Schreifweis Sleipner) ass an der nordescher Mythologie dem Gott Odin säin achtbeenegt Päerd. Säin Numm krut et well et sech zu Waasser, zu Land an an der Loft gläichermoossen "gleedend" beweege kann.

De Sleipnir ass duerch en Trick vum Loki entstanen. De Loki huet missen de Mauerbau ëm Asgard verhënneren, well en Hrimthurse fir d'Fäerdegstelle vun der Mauer, Gëttin Freya zur Fra versprach kritt hat. De Loki huet a Gestalt vun enger Mier den Hengscht Svadilfari vum Ris entfouert an dobäi de Sleipnir gezillt. Well den Hengscht fir e puer Deeg verschwonne war an dem Ris net konnt hëllefen, ass d'Mauer net zur Zäit fäerdeg ginn an domat konnt de Loki Bestietnes vun der Freya mam Ris verhënneren.

Spéiderhi krut den Odin, de Sleipnir vum Loki geschenkt.