Loki

Vu Wikipedia
De Loki mat engem Fëschernetz aus der islännescher EddaHandschrëft NKS 1867 4to vum Ólafur Brynjúlfsson (1760)

De Loki, och nach Loptr (De Lëftegen/Loftgott) oder Hveðrungr genannt [1], ass an der nordescher Mythologie eng Figur déi vum Odin zum Asegott gemaach gëtt, obschonns hien eigentlech e Jöte (Ris) ass. Et ass wuel dee Gott mat de meeschte Facetten awer wuel och dee mam schlechste Gemitt an den negatiivsten Eegenschaften.

Stellung an Attributer[änneren | Quelltext änneren]

De Loki ass de Bouf vum Ris Fárbauti an der Nál. Hien ass de Mann vun der Sigyn an duerch d'Risin Angrboda (Angschtméchesch) och Papp vum Fenriswollef, der Midgardschlang souwéi vun der Doudesgëttin Hel.

Ufanks ass de Loki de Gëtter nach eng gutt Hëllef, hie gëtt hinnen dacks Rotschléi. Duerno gëtt en éischter hire Gokeler, zum Schluss hin awer hire gréissten a schlëmmste Géigner dee souguer Ragnarök ausléist. En ass schéi vum Ausgesinn awer béis vum Gemitt.[2]

Den Odin war immens frou mam Loki an ass dacks mat him op Midgard gereest fir ënnert Mënschen ze kommen. Dem Odin huet dem Loki seng aner Aart a Weis, Saachen ze gesinn beandrockt.[2]

Dat aachtbeeneg Päerd Sleipnir ass och duerch de Loki entstan. De Loki huet missen de Mauerbau ëm Asgard verhënneren, well en Hrimthurse fir d'Fäerdegstelle vun der Mauer, Gëttin Freya zur Fra versprach kritt hat. De Loki huet a Gestalt vun enger Mier den Hengscht Svadilfari vum Ris entfouert an dobäi de Sleipnir gezillt. Well den Hengscht fir e puer Deeg verschwonne war an dem Ris net konnt hëllefen, ass d'Mauer net zur Zäit fäerdeg ginn an domat konnt de Loki Bestietnes vun der Freya mam Ris verhënneren.

De Loki ka seng Gestalt perfekt wandelen. Sou daucht e mol als Aadler, Méck, Saumon oder Mier op.

Bestrofung vum Loki[änneren | Quelltext änneren]

Loki a Sigyn vum Mårten Eskil Winge (1863).

Dat ganzt fänkt sou un, datt de Baldr enges Daags een Dram vu sengem eegenen Doud huet. Do léisst d'Frigg all Déier an all Planz en Eed schwieren, dem Baldr näischt ze leeds ze doen. Dobäi ignoréiert d'Frigg awer e Mëspelter.

Fir ze kucken op alles Liewen an Net-Lieweges sech un den Eed hält, solle Gëtter mat allerlee op de Baldr schéissen. Et geschitt em awer näischt. Do kennt de Loki, deen d'Frigg beobacht huet, an iwwerriet de blannen Hödur fir mat engem Feil op deem eng Mëspel drun war, op de Baldr ze schéissen. Doduerch stierft de Baldr an de Loki gëtt zur Strof un ee Fiels ugekett wou eng Schlaang permanent hiert Gëft op dem Loki säi Gesiicht drëpse léisst. Dat probéiert seng Fra Sigyn awer mat engem Bol opzefänken. Allkéiers wann de Bol awer voll ass, muss d'Sigyn s'ausschëdde goen an dann drëpst d'Gëft dem Loki rëm an Gesicht. Doduerch tiermt e sou staark, datt sech déi ganz Äerd beweegt (Dat ass och d'Erklärung fir Äerdbiewen).

Mat dem Ufank vu Ragnarök, ka sech de Loki vu senge Kette befreien an zitt an de Krich géint seng fréier Frënn.

De Loki stierft am Kampf géint den Heimdall.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gerhard J. Bellinger: Knaurs Lexikon der Mythologie, area, Erftstad 2005, S. 294, ISBN 3-89996-270-2
  2. 2,0 2,1 Paul Herrmann: Nordische Mythologie, Anaconda Verlag, Köln, S. 250-266, ISBN 978-3-86647-675-2