Olympesche Grouss

Vu Wikipedia
Den Olympesche Grouss um offizielle Plakat vun de Spiller zu Paräis 1924

Den Olympesche Grouss ass eng Variant vum Saluto romano, engem réimesche Grouss. Fir den Olympesche Grouss gëtt de rietsen Aarm an d'Luucht gestreckt gëtt, d'Handfläch weist no baussen, d'Fangere beréiere sech a weisen och no uewen. Dëse Grouss ass op den offiziellen Affichë vun de Spiller zu Paräis 1924 an zu Berlin 1936 ze gesinn.

Wéinst der Änlechkeet mam Hitlergrouss (faschistesche Grouss) gëtt den Olympesche Grouss zënter dem Zweete Weltkrich net méi benotzt.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]