Operatioun Serval

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Opération Serval)
Kaart vum Konflikt am Nord-Mali

D'Operatioun Serval war eng militäresch Operatioun vun der franséischer Arméi am Mali op Demande vun der malescher Regierung an ënner dem Consentement vun de Vereenten Natiounen.[1] Si huet vu Januar 2012 bis Juli 2014 gedauert.[2] D'Zil vun dëser Operatioun war et, der malescher Arméi ze hëllefen, bewaffent Islamisten aus dem Azawad (der Regioun am Norde vu Mali), déi sech ëmmer méi no Süde verbreet hunn, ze stoppen, se zeréckzestoussen an auszeschalten. Ausserdeem sollt duerch dës Operatioun d'Sécherheet vu ronn 6.000 franséischen Zivilisten, déi zu deem Zäitpunkt am Land waren, assuréiert ginn.[3]

D'Operatioun gouf nom Serval genannt, eng Spezies vun afrikanesche Klengkazen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Opération Serval – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mali – la France a mené une série de raids contre les islamistes, Le Monde.fr, 12. Januar 2013.
  2. Le Monde (online): Au Mali, l'opération « Serval » est « de fait terminée » (13. Juli 2014)
  3. Mali and France 'push back Islamists', the BBC, News Africa, 12. Januar 2013, aktualisiert gegen 01:04 GMT, Stand 12. Januar 2013