Serval

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Klengkaz Serval. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Serval (Homonymie).
Serval
E Serval

E Serval
E Serval
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren (Carnivora)
Famill: Kazen (Felidae)
Ënnerfamill: Klengkazen (Felinae)
Gattung: Leptailurus
Aart: Serval
Wëssenschaftlechen Numm
Leptailurus serval
Severtzow, 1858
Portrait

De Serval (Leptailurus serval) ass eng mëttelgrouss Kaz an Afrika, déi meeschtens schwaarz Tëppelen oder Sträifen op ocker-gielem Fong huet. E gëtt 70 bis 100 cm laang an huet eng Schëllerhéicht vu 54 bis 62 cm. Weibercher weie 7 kg bis 12 kg, Männercher tëscht 9 kg an 18 kg. En huet e klenge Kapp mat grousse ronnen Oueren. Seng Been si déi längst aus der Kazefamill. Säi Schwanz gëtt bis zu 40 cm laang, säi Kierper ass schlank gebaut.

Verbreedung

De Serval gëtt e just an Afrika, haaptsächlech an enger Zon südlech vun der Sahara, déi vum Senegal am Weste bis a Somalia am Oste geet, a bis erof an de Süde vu Südafrika. E lieft a Géigenden, wou et Waasser gëtt a Grasvegetatioun oder Bëscher, wann dës net ze dicht sinn.

De Serval ass, mat senge laange Been, drop spezialiséiert, an héijem Gras klengt Gedéiesch ze fänken. Se kënnen och an d'Luucht sprangen, fir Vigel ze fänken, déi opfléien.

Friessfeinde vun de Servale sinn d'Hyenen an d'Leoparden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mel Sunquist, Fiona Sunquist: Wild Cats of the World. The University of Chicago Press, Chicago 2002, ISBN 0-226-77999-8.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Serval (Leptailurus serval) – Biller, Videoen oder Audiodateien