Óscar Romero
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Oscar Romero)
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Óscar Romero | |
---|---|
Gebuertsnumm | Óscar Arnulfo Romero Galdámez |
Gebuer |
15. August 1918 Ciudad Barrios |
Gestuerwen |
24. Mäerz 1980 San Salvador |
Nationalitéit | El Salvador |
Educatioun | Gregorianesch Peepstlech Universitéit |
Aktivitéit | Priister |
Den Óscar Arnulfo Romero y Galdámez, gebuer de 15. August 1917 zu Ciudad Barrios am El Salvador, a gestuerwen de 24. Mäerz 1980 zu San Salvador, war e kathouleschen Äerzbëschof am El Salvador.
En huet sech fir sozial Gerechtegkeet a politesch Reformen a sengem Land agesat a gouf dowéinst als Verfechter vun enger Liberatiouns-Theologie ugesinn. Domat huet e sech an Oppositioun mat der deemoleger Militärdiktatur am El Salvador gestallt.
De Romero gouf 1980 vun engem Zaldot erschoss, deen de Muerd-Optrag vun der salvadorianescher Arméi kritt hat. Säin Doud huet zum Ufank vum Biergerkrich am El Salvador gefouert.
Zu Bierchem gouf d'Rue Oscar Romero zu sengem Undenke benannt.