PSR B1257+12

Vu Wikipedia
Kënschtleresch Duerstellung vun de Planéiten, déi den PSR 1257+12 ëmkreesen

De PSR 1257+12 oder PSR B1257+12 ass e Pulsar, deen op enger Distanz vun 300 Parsec zu der Äerd steet. En huet op d'mannst dräi Planéiten. D'Exoplanéite vun dësem Neutronestär waren déi éischt Planéiten, déi baussenzeg vum Sonnesystem entdeckt goufen.

Donnéeë vum Pulsar[änneren | Quelltext änneren]

De Pulsar "PSR 1257+12" gouf am Joer 1990 vum polneschen Astronom Aleksander Wolszczan entdeckt an deemools als "PSR B1257+12" bezeechent. D'Rotatiounsperiod vum Pulsar ass 6,219 Millisekonne, seng Mass gëtt mat 1,4 Sonnemassen uginn an hie läit op enger Distanz vun 9,257•1018 Meter (300 Parsec respektiv 978 Liichtjoer) vun eis ewech.

Entdeckung vun de Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Pulser vum Stär koume mat reegelméissege Verspéidungen un, déi d'Wëssenschaftler Wolszczan a Frail drop higewisen hunn, datt hie vun zwéi Trabante begleet gëtt, déi déi Variatioune verursaachen. Alles an allem goufen du véier Trabanten – PSR 1257+12 b, -c, -d an -e – entdeckt, vun deenen de leschten (PSR 1257+12 e) als Koméit ugesi gëtt.

De Koméit, PSR 1257+12 e, huet héchstens déi 0,2-fach Mass vum Pluto an och héchstens en Duerchmiesser vun 1.000 Kilometer.

Well Neutronestären d'Resultat vun enger Supernova sinn, war onkloer, wéi aus sou engem Evenement Planéiten an der Ëmlafbunn vum Pulsar entstoe konnten. Et stellt sech d'Fro, ob si do scho virun der Supernova existéiert hunn (a wa jo, wéi hu se déi iwwerstanen?), oder ob si aus dem Ofall vun der Stärenexplosioun entstane sinn, oder awer, ob si vum Pulsar "agefaange" goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]