Aleksander Wolszczan

Vu Wikipedia
Den Aleksander Wolszczan am Joer 2007-

Den Aleksander Wolszczan, gebuer am Joer 1946 zu Szczecinek a Polen ass e polneschen Astronom. Hien ass den Entdecker vum éischten Exoplanéit respektiv Pulsarplanéit.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Wolszczan huet op der Universitéit Toruń studéiert a war do uschléissend als wëssenschaftleche Mataarbechter beschäftegt. 1975 huet hie promovéiert an ass 1982 an d'USA gaangen, fir op der Cornell University zu Ithaca, New York an op der Princeton Universitéit ze schaffen. Zanter 1994 ass hie Professer op der Universitéit Toruń a Member vun der Polnescher Akademie vun de Wëssenschaften.

Zesumme mam Dale Frail huet hien astronomesch Observatioune vum Arecibo-Observatoire aus gemaach, déi zu der Entdeckung vum Pulsar PSR B1257+12 am Joer 1990 gefouert hunn. D'Datenanalyse vun der Entdeckung konnte weisen, datt de Pulsar vun zwéi Planéite mat op d'mannst 3,4 an 2,8 Äerdmassen ëmkreest gëtt. D'Ëmlafbunnen hunn 0,36 an 0,47 Astronomesch Eenheeten. Dëst Planéitesystem war dat éischt baussenzeg vun eisem Sonnesystem, dat am Universum nogewise gouf.

De Wolszczan an de Frail hunn hir Resultater 1992 an 1994 publizéiert. Ufanks gouf et vill Kritik un der Publikatioun, haut gëtt si staark unerkannt.

1996 krut de Wolszczan de Beatrice-M.-Tinsley-Präis vun der American Astronomical Society an am Joer 2002 war säi Bild op engem polneschen Timber ze gesinn.

Am Joer 2003 hunn de Maciej Konacki an de Wolszczan d'Bunnschréi vun de béide Planéite bestëmmt an hunn domat gewisen, datt hir Mass ongeféier 3,9 an 4,3 Äerdmassen entsprécht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aleksander Wolszczan – Biller, Videoen oder Audiodateien