Palfinger

Vu Wikipedia
E Palfinger an der Luucht mat enger Stroosseluucht um Krop
Palfinger PK 48000

Palfinger ass den Numm vun enger éisträichescher Firma, déi hydraulesch Hiefsystemer fabrizéiert.

D'Originne vun der Firma ginn zeréck an d'Joer 1932, an deem de Richard Palfinger eng Schlässerei an en Atelier fir landwirtschaftlech Unhänger ze flécken opgemaach huet. 1959 huet hie säin éischte Kran gebaut. 1964 huet säi Jong, den Hubert Palfinger, ugefaangen, hydraulesch gesteiert Kranäerm ze bauen, déi op Camione montéiert ware fir Wuere kënnen erop- oder erofzelueden, an déi vun 1966 un a Serie gebaut goufen. 1976 léisst d'Firma sech e Klappaarm patentéieren.

No an no kommen aner Patenter derbäi, sou z. B. fir Ënnerwaasserkranen. Bëschmaschinne mat Gräifäerm gi vun 1988 u ënner dem Numm Epsilon gebaut. Kleng Clarken, déi u Camione kënne gehaange ginn, fir se dann ze beluede mam Numm Crayler gi gebaut. Am Juni 1999 geet Palfinger un d'Bourse an iwwerhëlt Guima S.A., deen déizäit weltgréisste Produzent vu Containerwiesselsystemer. 2003 stellt Palfinger säi System Access vir, en Hiefbünesystem. Ee Joer drop iwwerhëlt Palfinger dee gréissten däitsche Produzent vun Aarbechtsbünen, déi op Camione montéiert sinn.

64 % vun den Aktie sinn am Besëtz vun der Famill Palfinger, 5 % gehéieren der Palfinger AG an 31 % si verstreet.

2005 hat Palfinger en Ëmsatz vu 585 Milliounen €.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]