Panamahutt

Vu Wikipedia

E Panamahutt ass en Hutt, deen aus de gewiefte Blieder vun der Planz Carludovica palmata gemaach gëtt. Anescht, wéi den Numm mengen deet, kommen d'Panamahitt net aus Panama, mä aus Ecuador. Do ginn se sombrero de paja toquilla, "Hutt aus Toquilla-Stréi" genannt.

Hautdesdaags ginn déi meescht vun deenen Hitt zu Cuenca gemaach. Se ginn och haut nach op der Hand fabrizéiert, et dauert ee bis zwee ganzer Deeg, bis en Hutt fäerdeg ass. Déi vu Montecristi gëllen als déi bescht, well se am rengste gewieft sinn an ze soen e Liewe laang halen. Deenen hir Fabrikatioun brauch dann och e puer Méint.