Panna cotta
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Panna cotta (ital. "gekacht Rahm") ass en norditalieeneschen Dessert aus Schmant, Zocker a Gelatine. Dacks gëtt zousätzlech Vanill dobäiginn.
Fir en ze maache gëtt Schmant mat Zocker (an enger Vanillsstaang) virsiichteg erhëtzt a bis zu enger Véirelstonn lues gekacht. Dëser Mass gëtt grad sou vill Gelatine ënnergeréiert, datt d'Crème nom Ofkillen hir Form behält, awer net ze fest ass. Dës Mëschung gëtt a kleng Forme gegoss an nodeem se steif gouf op Dessertsteller gestierzt.
Panna cotta gëtt meeschtens mat Friichtenzoossen oder agemaachte Friichten zerwéiert.