Op den Inhalt sprangen

Dessert

Vu Wikipedia

En Dessert ass e séisse Plat, deen nom Haaptplat zerwéiert gëtt a mat deem d'Iessen op en Enn geet.

De Begrëff kënnt vum franséische Wuert "desservir", wat iwwersat souvill heescht wéi "den Dësch ofraumen". An der Reegel ass en Dessert séiss (z. B. Kichelcher oder Glace), et gëtt awer och schwéier Desserten aus Friichten oder Nëss ouni Zocker/Hunneg. Et ass och net all séisse Plat automatesch en Dessert, sou gëtt et an der chineesescher Kiche séiss Fleeschplaten (z. B. Schwéngefleesch mat Ananas) déi keen Dessert sinn. A China ginn och Camelle mat Peffer a Geimer gemaach ampalz mat Zocker. D'Indianer hu virun der Zäit vun den Europäer dacks Schockela mat Peffer an anere Gewierzer amplaz Zocker giess. En Dessert kann awer och aus Kéise bestoen (Frankräich), oder aus Piroggen a schwaarzem Kaviar (Russland).

Gemenkerhand kann een als Dessert follgend Liewensmëttel bezeechnen: Taarten, Kuchen, Kichelcher, Wäffelcher, Camellen, Sorbeten, Schlagsan, Tutti Frutti, Juskompotten, Moussen, Crèmen, Gelee, Glacen. Sou kann och Glace mat Téi, Schocki a Kaffi gemëscht als Dessert preparéiert ginn. Sougenannt Dessertswäiner gehéiere streng geholl net dozou, si ginn awer grad wéi e Kaffi oder en Digestif gär beim oder nom Dessert gedronk. Der Temperatur no ënnerscheet een no kalen a waarmen Desserten. D'Desserte ginn normalerweis op speziellen Dessertstelleren zerwéiert, a giess gi se mat Dessertsläffelcher an Téiläffel bis hin zu Zoppeläffelgréisst, awer och mat Dessertsmesser a -forschett.

Beispiller vu verschidden Zorten Desserten

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Dessert – Biller, Videoen oder Audiodateien