Patisserie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pâtisserie)
Vitrinn vun enger Patisserie

Mat Patisserie bezeechent ee souwuel eng bestëmmt Zort kulinaresch Preparatiounen aus dem Beräich Zockerbäckerei, wéi och de Buttek an dem se verkaaft ginn.

Patisseriesprodukter sinn éischter séiss a kënne sech a klenge Portioune wéi Mëtschen, Kichelcher, Petit-fouren, Täertercher, oder a grousse Portioune wéi Taarten a Kuche presentéieren.

Si besti meeschtens aus Zocker, Miel, Eeër (dacks ginn d'Eegiel an d'Eewäiss getrennt) a Fett (Botter, Margarine oder Ueleg).

Och wann een dacks déi selwecht Bestanddeeler erëmfënnt, sou ënnerscheet sech déi Abberzuel vu Patisserie dach fundamental, duerch déi verschidde Preparatiounsmethoden an d'Relatioun vun de Quantitéiten zoueneen.

E puer Basisrezepter loosse sech och op eng sëllege Manéiere kombinéieren:

Donieft kann een och nach Friichten, Nëss, Kakao a Schockela an der Patisserie verschaffen, a se mat Vanill oder Spirituosen aromatiséieren.

Als Dreifmëttel gi Bakpolver, Hief oder Soda geholl, e puer Deegaarte kommen awer och ouni aus, an anerer verlaangen eng laang Knietzäit fir datt de Gluten sech am Miel entfale kann.