Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l’Évangile

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Süden-West an ersetzt déi 3 fréier Pare Monnerech, Steebrécken a Schëffleng. D'Uertschaft Wickreng, déi fréier zur Par Steebrécken gehéiert huet, gëtt ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Monnerech a Schëffleng.

D'Patréinesch vun der Par ass d'Muttergottes vum Evangelium.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Mondercange, Pontpierre et Schifflange et sur l'érection de la paroisse « Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile »