Op den Inhalt sprangen

Parry (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Parry
de Kater Parry uewen der Mëtt
Koordinaten 7°52'48"S, 15°46'48"W
Duerchmiesser 47,3 km
Déift 600 m
Genannt no William Edward Parry
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19
De Krater Parry an Ëmgéigend (LROC-WAC)

De Parry ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit am Mare Cognitum, südëstlech vun der Ramplisfläch vum Fra Mauro. Säi westleche Rand iwwerdeckt deelweis de Rampli vum Krater Bonpland. De Krater ass staark erodéiert, bannen ass en zimmlech flaach.

Am Norden, Osten a Süde lafen (deelweis duerch de Fra Mauro an de Bonpland) d'Moundrille vun de Rimae Parry.

Parry Breedegrad Längegrad Duerchmiesser
B 8.9° S 13.0° W 1 km
C 6.8° S 12.7° W 3 km
D 7.9° S 15.7° W 3 km
E 8.3° S 16.3° W 6 km
F 7.6° S 14.7° W 4 km
L 6.3° S 14.7° W 7 km
M 8.9° S 14.5° W 26 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom brittesche Fuerschungsreesenden William Edward Parry genannt.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]