Parverband

Vu Wikipedia

E Parverband ass den Zesummeschloss vu Paren an anere chrëschtleche Gemeinschaften, déi op enger Plaz aktiv sinn, mam Zweck fir e gemeinsame pastorale Plang z'erméiglechen. De Parverband gëtt wéi eng eenzel Par betruecht, och wann déi verschidde Paren hiren eegene Statut behalen, virun allem wat d'Finanzen ugeet, déi weiderhi getrennt fir all Par gefouert ginn.

Mat engem Dekreet vum 1. Oktober 2002 huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Mgr. Fernand Franck d'Parverbänn an der Lëtzebuerger Diözees an d'Liewe geruff.

Et gouf bis Mee 2017 an der Lëtzebuerger Diözees 40 Parverbänn, déi bannent 5 Pastoralregioune regruppéiert sinn. Bis 2013 goufen et nach 57 Parverbänn, déi stufeweis duerch Zesummeschlëss reduzéiert goufen.

Am Mee 2017 goufen d'Pastoralregiounen an d'Parverbänn mat engem Dekreet vum Bistum ofgeschaaft. Se goufe mat neie Paren ersat, déi duerch d'Zesummeleeë vun den ale Pare geschaf goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]