Op den Inhalt sprangen

Passivfëmmen

Vu Wikipedia

Ënner Passivfëmme versteet een déi Tatsaach, datt eng Persoun déi net fëmmt a sech am selwechte Raum, wéi e Fëmmert ophält, och Zigarettendamp anotemt. Dem Gesondheetsministère no stierwen zu Lëtzebuerg all Joer 20 Persounen, déi net gefëmmt hunn un de Follge vum Passivfëmmen.

D'Entwécklung vum Zigarettekonsum a vum Longekriibs iwwer d'Zäit. Ze bemierken ass, datt déi Studie logescherweis och den Impakt vum Passivfëmme berécksichtegt, z. B. déi déi ni gefëmmt, awer wuel laang Zäit mat engem Fëmmert gelieft oder an engem Café geschafft, an da Longekriibs kruten.