Passo Xon

Vu Wikipedia
D'Auberge um Passo Xon

De Passo Xon mat enger Héicht vu 671 Meter ass e Col an den Alpen an Italien, deen den ieweschten Deel vum Agnodall mat dem Leogradall verbënnt. D'Strooss déi driwwer féiert, ass d'SS 246 déi do d'Uertschafte Valli del Pasubio a Recoaro Terme matenee verbënnt.

Strooss iwwer de Col ass dat ganzt Joer op, kann awer net vu laange Gefierer wéi Camione mat Unhänger oder Semi-Remorquë benotz ginn.

Informatioun fir Cyclisten[änneren | Quelltext änneren]

De Passo Xon ass e Col dee liicht ze fueren ass. Vum Pass aus huet een eng gutt Vue op d'Bierger vun de Piccole Dolomiti. D'Pente huet eng Moyenne vu 4,6 Prozent wann e vu Valli del Pasubio eropfiert, an et si 7.060 Meter ze fuere bis op d'Kopp. Den Héichtenënnerscheed ass 326 Meter.

An de 50er Jore war de Passo Xon e puermol um Programm vum Giro d'Italia, an e gëtt reegelméisseg beim Giro del Veneto gefuer.