Paul Mayrisch

Vu Wikipedia
Paul Mayrisch
Gebuertsnumm Jean Mathieu Edouard Paul Mayrisch
Gebuer 12. Abrëll 1861
Eech
Gestuerwen 23. Juni 1915
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen, Politiker
Famill
Papp Édouard Mayrisch
Geschwëster Émile Mayrisch


De Jean Mathieu Edouard Paul Mayrisch, gebuer den 12. Abrëll 1861 zu Eech[1] an do gestuerwen den 23. Juni 1915, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.[2]

1908 gouf de Paul Mayrisch als Vertrieder vum Kanton Lëtzebuerg als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Am Juni 1914 gouf hien als Deputéierten erëmgewielt a war bis zu sengem Doud Deputéierten.[3]

De 15. Abrëll 1911 gouf de Paul Mayrisch de Successeur vum Pierre-Éloi Schoué als Buergermeeschter vun der Gemeng Eech [4] an hie war dat bis zu sengem Doud.

Säi Papp war den Édouard Mayrisch an den Émile Mayrisch war säi Brudder [1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Jean Mathieu Edouard Paul Mayrisch (1861-1915) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com. Gekuckt de(n) 2021-04-22.
  2. Doudesannonce vum Paul Mayrisch am Escher Tageblatt vum 24. Juni 1915
  3. Kuerzbiografie vum Paul Mayrisch an der Luxemburger Bürger-zeitung vum 24. Juni 1915
  4. Notiz an der Zeitung l'Indépendance luxembourgeoise vum 17. Abrëll 1911