Paul Ricoeur

Vu Wikipedia
Paul Ricoeur
Gebuer 27. Februar 1913
Valence
Gestuerwen 20. Mee 2005
Châtenay-Malabry
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des lettres de Paris,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Philosoph, Universitéitsprofesser, Theolog, Iwwersetzer
Member vun Modern Language Association, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

De Paul Ricoeur, gebuer de 27. Februar 1913 zu Valence, a gestuerwen den 20. Mee 2005 zu Chatenay-Malabry am Departement Hauts-de-Seine, war e chrëschtlech-protestantesche franséische Philosoph.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Ricoeur war scho ganz fréi Weesekand. Seng Mamm ass sechs Méint no senger Gebuert gestuerwen a säi Papp ass 1915 am Krich leie bliwwen. Sou gouf de Ricoeur fir d'éischt vu senge Grousselteren an duerno vun enger Tatta groussgezunn. Hien huet säi Lycée an e puer Joer Uni zu Rennes gemaach, an ass mat sengem Studium op der Sorbonne weidergefuer.

1935 krut hie seng Agregatioun an en huet sech bestuet. Kuerz virum Zweete Weltkrich gëtt de Ricoeur Member vun der SFIO (Section française de l'Internationale ouvrière) a vu verschiddenen pazifistesche Vereenegungen nodeem hien iwwer de Gabriel Marcel dem Edmund Husserl seng Iddie kennegeléiert hat.

1939 gouf de Ricoeur agezunn. Kuerz drop gouf hie gefaange geholl an huet de ganze Krich an engem Krichgefaangenelager verbruecht.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Olivier Mongin: Paul Ricoeur. Éditions du Seuil, Collection Points: Essais, 1998, 263 S.
  • Olivier Abel: Paul Ricoeur. La Promesse et la règle, Michalon, Collection: Le bien commun, 1996, 125 S.
  • François Dosse: Paul Ricoeur, le sens d'une vie, La Découverte: Syros, Collection: La Découverte/Poche, 2001, 800 Säiten.
  • Domenico Jervolino: Paul Ricoeur. Une herméneutique de la condition humaine, Collection Philo, Paris: Ellipses, 2002, 96 S.