Pech (Ongléck)

Vu Wikipedia

D'Wuert Pech gëtt net nëmme mat der Substanz Pech, mä dacks och mat Ongléck a Verbindung bruecht.

Dës Associatioun geet op d'Mëttelalter zeréck, wou fir d'Vullejuegd Äscht mat Pech bestrach goufen, fir datt d'Déieren dru peche bleiwe sollten a sou gefaange gi konnten.

Sou koum et zu Ausdréck wéi Pechvull a Pech hunn.