Peepstlech Bull

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Peepstlech Bulle)
Bull vum Poopst Urban VIII, 1637

Eng peepstlech Bull oder kuerz Bull (lat.: bulla) ass d'Bezeechnung fir e Schrëftstéck, dat wichteg Entscheedungen, wéi Rechtsakter, vun engem Poopst verkënnegt.

Den offiziellen Numm ass litteræ apostolicæ oder litteræ apostolicæ sub plumbo, also "apostolesche Bréif" vereinfacht iwwersat. Den Numm Bull kënnt eigentlech vun der Kapsel, an där dat wichtegt Schrëftstéck war, an déi op zwou Säite versigelt an um Dokument ugestréckt war. Spéider gouf dat Schrëftstéck selwer Bull genannt.

Am Ganze goufen et eng ronn 140 där Bullen.

Kuckt dofir: Lëscht vun de peepstleche Bullen.